top of page

Our Histroy.

Mat sengem deemolege Partner Charles Fischbach huet de Bernard Michaux am Joer 2012 déi al „d’Taverne Bouneweger Stuff“ renovéiert an mam neien Numm "Bouneweger Stuff" de Café op der rue du Cimetière Nr.1 am Juni 2012 nees zum Liewen erwëscht.

2012.jpg

Fréier.

De Bernard Michaux, gläichzäitege Filmproduzent, huet deemools fir d'Lëtzebuerger d'Sitcom "Comeback" nach no enger passender Locatioun gesicht. Dobäi gouf schlussendlech am Foyer an um 1. Stack vun der Bouneweger Stuff gedréint, iwwerdeems ob aneren Deeg déi éischt Gäscht hiren 1. Patt konnte genéissen. 

Nodeems ënnert anerem och e puer bekannte Gesichter wéi d'Emma Watson schonn an der Stuff waren, huet den deemolege Kach Michael Prosperi am Joer 2019 dem Charel Fischbach seng Undeeler ofkaf. Säitdeem leeden de "Mike" an de Bernard d'Stuff zesummen.

D'Keelebunn ass duerch d'Corona Pandemie an der Tëschenzäit verschwonnen, an ass duerch eng flott Vintage-Kummer ersat ginn.

 

Säit elo schonn iwwer 10 Joer ass d'Stuff net méi aus dem Quartier ewech ze denken!

SITCOM.

Comeback.

E Bistro als Kuliss oder eng Kuliss an der een eppes drénke kann...? dat ass di grous Fro ëm d’Bouneweger Stuff...

2 Wochen, nodeems d'Bouneweger Stuff seng Dieren am Juli 2012 opgemaach huet, hunn d'Dréiaarbechte fir déi éischte Lëtzebuerger Sitcom "Comeback" ugefaangen. Déi ganz Sitcom huet sech quasi nemmen an der Bouneweger Stuff ofgespillt. 

Kuken kann een d'Sitcom op RTL PLAY.

Comeback_4_edited.jpg
bottom of page